Staadt
 
  Online: 1 Haut: 82 Gesamt: 129257    
Sport
Studien        
 
   
.:: Haapt Menu ::.
 
.: Wëllkomm
.: News
.: Events
.: Artikelen
.: Fotogalerie
.: Forum
.: Memberen
.: Links
.: Kontakt
 
.:: Login ::.
       
   
Mein Login verhaalen
 
     
.:: Shoutbox ::.
   
 
Vir ze posten weg aloggen

Gacko
12-07-2009 22:25:37
Selwer gemolt

Clotaire
08-07-2009 09:59:58
UUuuh Gacko wou hues die Maus mat Ball dann fonnt

Gacko
23-03-2009 13:57:43
Salut NoƩmie, kann sin datt mir den Samsden oder Sonnden ski fueren kommen. Mellen eis dann bei dir... Den Fraenz as des Woch zu 2Alpes!

noemie
23-03-2009 11:29:50
Hello!!!ech wees suguer nach mein passwuert vun deem site hei! sin ab dem 28.03 eng woch mat enger klass zu 2 alpes. ass iergenteen an der geigend dei zeit ?????

Gacko
03-03-2009 15:15:22
All dei Leit dei op den Skiweekend kommen denkt drun aeren Schlofsaak matzebrengen, dir kritt lo och nach des Woch eng schein Mail

   
     
 
• Pinwand

FussballTournoi zu Gilsdref den 11ten Juli!


• Neisten News

An dann soll nach een soen et wier net schein zu Grenoble ze studeieren

Grenoble : N°1 des villes où il fait bon étudier


A la une de l'Express cette semaine, un palmarès classant Grenoble au premier rang des villes de France où il fait bon étudier.

Grenoble y prend la première place dans la catégorie "sports" et se classe en 2e position (derrière Paris) pour son "rayonnement international".

"75% des 60 000 étudiants viennent de l'extérieur, (…) parmi eux plus de 150 nationalités différentes", souligne l'Express.

Côté ambiance, Laurence Debril, qui signe le sujet, a visiblement été séduite par l'image du jeune étudiant croisé dans le tramway, direction "Condillac / Universités", le surf dans une main, la pochette de cours dans l'autre…
"La légende est donc vraie, écrit-elle : à Grenoble on dérape facilement des bancs de la fac aux pistes de ski… et inversement".

Pour expliquer la réussite de notre ville, la journaliste parle du "triomphe de l'esprit montagnard : se dépasser, travailler ensemble…"

http://www.lexpress.fr/palmares/villes_etudiantes/resultats.asp


• Neisten Event

Grenobler Schi-weekend zu Villard-de-Lans

 

Grenobler Schi-weekend zu “Villard-de-Lans”

 

Esou wéi d`Traditioun et mëttlerweil verlaangt, huet och dëst Joer erem den Schi-Weekend vun de Grenobler Studente statt fonnt, an zwar schon a senger 4. Editioun. Fir de Weekend vum 23. März goufen all d`Cercle a Studenteveräiner aus Frankräich, Schwäiz, Lëtzebuerg an Emgéigend ageluede fir zu Villard-de-Lans op der Pist wéi een op gudd lëtzebuergesch seet d`Sau erauszeloossen.


D`Duerf vun Villard-de-Lans läit ronn 30 km vun Grenobel fort, an huet net nëmmen een Alpinschigebiet vun 125 km opzeweisen, mee och 130 km Laanglaafpisten. Eng Woch virdrun huet et awer nach net esou gudd ausgesinn wat de Schnéi ubelaangt. Mir haten schon ugefaang aner Aktivitéiten ze plangen, mee dee léiwe Schnéigott huet sech dann awer nach eng Kéier zréckgemellt an eis mat schéinem Neischnéi begléckt. Soumat war dun och alles prett fir déi éischt Studenten ze empfänken, déi mer fir d`aller éischt mol mat engem gudden Teller Spaghetti an hausgemachtener Zooss gestärkt hunn, ier mir dann all zesummen den Digestif an Ugrëff geholl hunn.

 

Deen anere Moien um Kaffisdësch konnt een dann zwee erlee Gesiichter gesinn, déi eng fit an voller Schimontur, prett fir op d`Pist, déi aner manner fit an en besse midd vum Owend virdrun, an awer huet de Schnéi se duerno baal all op d`Pist gelackelt kritt. Obschons duerch dee villen Niwwel praktesch keng Sonn ze gesi war, hunn déi meescht et bis 5 Auer op de Schi gepackt an konnte sech duerno bäi engem Glühwäin opwiermen. Als Apéritif haten déi Aixer Studenten och dëst Joer erem lëtzebuerger Béier an Wäi matbruecht, hei nach eng Kéier ee grousse Merci u sie an duerno waren dann eis Kachkënscht gefroot, an mir haten och all Hänn voll ze dinn, fir déi hongereg Schifuerer mat eisem Mont d`Or, enger Kéisspezialitéit aus der Géigend ze fidderen. Den Rescht vum Owend hu mer dann gudd gesiedegt bäi e bëssen Musek auskléngen gelooss, an nach deen een oder aneren Noss-, Hanf- oder Huneg-Béierchen gedronk.

 

Egal wéi spéit et deen Daag virdrun och gi war, haat Sonndes moies awer jiddereen ee gudde Grond opzestoen, well mat bloem Himmel an Sonn konnt engem perfekte Schidaag näischt méi am Wee stoen. An esou gouf da moies nach gemittlech eng Taass Kaffi gedronk an déi obligatoresch Nutellasschmier verschlong, fir déi néideg Energie fir ee laangen Daag ze tanken, well déi meescht vun deene fläissegen Schihuesen huet nach eng länger Heemrees erwaard.

 

Sou ass dann ee laangen, ustrengenden a flotte Weekend op en Enn gaang an mir vum Grenobler Comité hoffen, datt et Ierch och dëst Joer erem gudd gefall huet an mir wäre frou Ierch och nächst Joer erem sou zahlreich hei begréissen ze kennen.