| .:: Haapt Menu ::. |
| |
| .: |
| .:
|
| .:
|
| .:
|
| .: |
| .: |
| .: |
| .: |
| .: |
| |
|
|
Dëss mëttelgrouss Staadt, och nach 'Capitale des Alpes' genannt, huet alles waat een vun enger Staadt erwaart. E klengen mee schéinen Zentrum mat den aalen Heiser wou sëch eng sëlechen Baren befannen, genau sou wéi Restauranten mat typëschen localen Menuen.
Dëss kleng Stroossen an Baren sin natiirlech och Treffpunkt fir eng Rei vun den 50.000 Grenobler Studenten.
Wann et ëms d'Liewensqualitéit geet, do sinn mer neisten Sondagen no op 5er Plaatz a Frankräich. Dësst wengst engem gudden Transport, super Waasserqualitéit an enger eischter Plaatz an sachen Animatiounen!
Wee Kultur sicht, ass mat engem renoméierten Musée bedéngt wéi och mat sëlechen Ausstellungen.
<< Au bout de chaque rue une montagne>>(Stendhal)
E Site deen nët ze verpassen ass, ass eis Bastille (déi riets Photo). Se ass ze Fouss an enger halwer Stonn ze erréchen, oder ët kann een einfach mam Auto an 10min op de Plateau fueren.
Wann der nach ëmmer net wësst waat maachen, da lauschtert op de Stendhal, well all Bierg um Enn vun engem Boulevard waard nëmmen drop dass der spazéieren kommt (kuckt an der Rubrik Sport).
Dir wëllt soss irgent een Sport maachen? Grenobel bidd sou zimlëch alles un vun Sport waat et sou gët. Vun A wei aviron, iwert K wei klammen bis Y wei Yoga sin et iwer 130 verschidden Sportaarten.
Dir wësst nach ëmmer net waat machen? Ma sëtzt iech virun d'Telé a faulenzt!
Vue op Grenobel vu 7Laux aus...d'Uni as gréng emkreest;)
-Offiziellen Site vun der Ville de Grenoble: www.ville-grenoble.fr
|
|