| .:: Haapt Menu ::. |
| |
| .: |
| .:
|
| .:
|
| .:
|
| .: |
| .: |
| .: |
| .: |
| .: |
| |
|
|
Grenobel as déi Staad vum Sport!
Et gët esou zimlëch keng Sportart, déi een hei nët kann ausüben. Vum Ski (natiirlëch), iwer Biergwanderen- a steigen, Mountainbiking, Segelen, Drachefléien, ...alles as méiglech zu a ronderem Grenobel.
Natiirlëch därf een déi méi traditionnel Sportarten wéi Fussball oder Handball och nët vergiessen...ët as anscheinend déi Staad aus Frankräich wou ët déi meeschten Sportscluben gët.
Fiir déi nët esou sportlëch Leit gët ët awer och genuch ze din... ët gi ganz vill Kafien an Diskoën..an ët gin och des öfteren Studentenbaaler organiséiert:).
Fiir déi déi méi kulturell interesséiert sin gin ët natiirlëch och genuch Saachen wéi Museen, Austellungen a vill Konzerts (ënnert Staadt kucken) déi ët erlaaben séng Horizonter ze erweiteren.
Hei e puer Aktivitéiten déi Studenten kéinten intresséieren :
Ski\Snowboard:
Muss een nach preziséieren dat een hei ka Ski fueren? (a bei 20 Grad am Schnéi zeguer ka grillen;)
An hei déi beschten Spoter (einfach de Link uklicken vir op d'Homepage vun der Statioun ze kommen):
Chamrousse (1700-2200m) as eng vun deenen noosten Statiounen vu Grenobel (30km) an eng vun deenen bëllëgsten. Et kann een op d'Stonn bezuelen, also viir eng kleng Ausfahrt an de Schnéi ënnert der Woch as et ideal...wann de Schnéi och mengt e misst do sin, well Chamrousse as nët ganz héich...
www.chamrousse.com
Les 7Laux as och ongeféier op 30km a kascht 12 bis 21€/Daach. D'Pisten sin esou zimlëch op der selwechter Héicht wéi déi vu Chamrousse mee daat ganzt as méi grouss(100km Pisten). Et gët ëmmer irgendwou eng gudd Plaatz! Viir méi bëllëg Tarifer beim EGUG laanscht kucken...
www.les7laux.com
Les 2 Alpes as eng vun deenen groussen Statiounen aus der Géigend awer och déi wou déi meeschten Touristen sin..ideal fiir Après-Ski;). Et as ongëféier eng Stonn vu Grenoble weg an e Schipass kascht 33€/Daach...gët ët awer och vill méi bëlleg beim EGUG. Viir déi meeschten Leit brauche mer wuel nët vill zur Statioun ze soën: 200km Pisten, Snowpark tout-compris, Gletscher deen och am Summer op as.
www.2alpes.com
Vir 2Alpes an 7Laux muss ee beim EGUG (Ecole de Glisse des Universités de Grenoble) laanscht kucken. Si offréiren nierwt ganz bëllëgen Schipäss (nie iwer 11,8€/Daach) och gratis Couren vir Snowboard, Ski an Télémark an doriwerhinaus as ët deen Ulaafpunkt viir d'Schifanatiker an deenen meeschten auslennëschen Studenten...also Fiesta as doudsëcher ugesoot:)
www.ecole-de-glisse.com
Alpe d'Huez as déi aaner grouss Statioun op +- 1 Stonn Distanz. Schipass ab 24€/Daach. Et gët hei och e Snowparc wéi zu 2Alpes, mee manner interessant...dofir sin ët d'Pisten (220km) dofir méi...Hei gët och all Joërs den Trophée Andros ausgedroën (Autos-an MotosCourse op Schnéi).
www.alpedhuez.com
La Grave as eng méi aussergewéinlëch Statioun. Hei dréint sëch alles ëm den Hors-Piste (2500m Héichtennerscheed)! Mat 85km as së relativ waït ëweg, an d'Präisser sin tëscht 21€ an 30€. Hei as och all Joers den Derbi de la Meije...eng Course wou ët drëms geet am schnellsten ënnen unzekommen ouni en Trajet viirgeschriwwen ze kréien...Mee oppassen ët as eng Statioun vir ganz gudd Ski-a Snowboardfuerer...vill Gletscherspalten, Lawinen,...an all Joers zevill Doudëger!!!
www.lagrave-lameije.com
Viir Infos iwert aaner Statiounen op skiinfo laanscht kucken oder einfach heihinner kommen!
Via Ferrata
Wou a wat as dat ?
Via Ferrata as eng Aart vu Klammen an de Fielsen. De Schwieregkeetsgrad as do mat Farwen gekennzeechnet (greng, blo, roud, schwaarz, asw). Et gin ganz vill verschidden Plazen, wou en eng Via kann ronderem Grenoble machen (Bastille, Chamrousse, Alpe du Grand Serre, Alpe-d’Huez, Villar d’Arène, Aiguebelette, St-Pierre-d’Entremonts, asw).
Pro Via kann een am Duerchschnett 2h rechnen, mee öfters as den “accès” mei, oder manner laang ze treppelen, dh mat rando ze kombineiren. An dann muss e jo och rem zreck bei den Auto, also minimum e Mëtteg arechnen, voire en Daag.
Em wat geet et dann elo konkret?
Et as een mat 2 “longes” ofgesechert op engem stolene Kabel, den de ganze Wee befestegt as, an et musse en dann stolen « Trepplecker » ropklammen, oder Afenbrecken, oder Leederen, etc. Den Héischpunkt vun der Via Ferrata as de « vide », den een ennert sech huet ! Dat kennen vun 10m bis 400m sin, voire mei ! De Schwieregkeetsgrad aennert mat der « impression de vide » an der « inclinaison » vum Fiels, dh et gët mei oder manner physesch ustrengend.
Et huet een och normalerweis emmer en « échappatoire » an enger Via, wann et net mei sollt goen. Wat brauch een ?
Et brauch een 2 « longes », 1 « casque » (obligatoresch), 1 « baudrier » (location : +/- 9 euros/Daag), a gudd Schong !!!! Schong kennen Turnschong sin, oder Biergschong. Bei den Turnschong spiert een den appui besser, mee dei rutschen mei, à voir!
Et kéint een et an all Wierder machen, vu jo keen direkte Kontakt onbedengt mam Fiels as, mee am Reen rutscht en awer e bësse mei a mescht definitiv manner Spaass!
Mei Infos a Photos ennert: www.viaferrata.org
- point sur la sécurité : http://www.viaferrata.org/securite/bienvenue.htm
- dei vun der Bastille : http://www.viaferrata.org/france/c3f32grenoble.htm
- e puer teschnësch Infos : http://www.ffme.fr/technique/via-ferrata/index.htm
(Manni fir de CELG)
Parcs aventures
D’Parcs aventures ronderëm Grenoble sin haaptsächlech dei folgend :
- Espace Chantelouise 38830 Saint Pierre d'Allevard (tél. 06 16 19 17 44)
- Domaine de l'Arselle (Bachat Bouloud) Roche Béranger 38340 Chamrousse (tél. 0820 10 00 10)
- La Diat 38380 St Pierre de Chartreuse (tél. 04 38 86 91 94)
- La Roue 38700 Le Sappey en Chartreuse (tél. 04 38 86 41 73)
- Col de Marcieu 38660 St Bernard du Touvet (tél. 04 76 08 63 88)
- 38860 Les 2 Alpes (tél. 04 76 79 75 00)
- 38220 Laffrey (tél. 04 38 72 92 17)
- Bois Barbu 38250 Villard de Lans (tél. 06 76 77 63 95)
- Les Glovettes 38250 Villard de Lans (tél. 04 76 95 17 02)
- 38250 St Nizier (tél. 06 89 91 10 92)
- Stade de Neige 38880 Autrans (tél. 04 76 94 77 00)
(Web pages sin ennert : http://www.isere-tourisme.com/pages/index/id/5549 ze fannen).
An dese Parcs geet et drems an de Beem ronderem ze klotteren, an méi, oder manner schweier Aufgaben ze bewältegen. Et as dei ideal Initiatioun ir een z.B. eng Via Ferrata wellt ugoen, fir ze kucken, wei een an der Héischt reageiert.
An engem Parc as een permanent ennert der Opsiicht vun Moniteuren.
Et gin dann och hei verschidden Niveau’en, dei rem mat Faarwen (greng bis schwaarz +) gekennzeechnet sin an duerch d’Heischt, an duerch de physëschen Effort ausgemat gin. De schwaarze Parcours as op 8-9m an de Beem an de grengen op 2 m.
Hei sin dann witzeg Aufgaben proposeiert, wei eng “Tyrolienne”; Leederen; Tarzansprong; Afebrecken; holze Balken, dei an der Loft schwiewen; Spannenetzer; Klunschen; Klammaueren; etc.
Fir den Adrenalinstouss as also gesuergt!!!!!!!!
De Präis leit ëm 20euro/3Stonnen, an et gin tarifs- groupes, ab 10 Leit ongefeier.
Wat een dofir brauch as eng gudd Portioun courage, an Turnschong!
(Manni fir de CELG)
Randonnée pédestre, raquettes, ski de randonnée
Grenoble as ganz kloer duerch seng Emgéigend eng ganz attraktiv Plaz fir ze liewen. Et gin eng heedewull vun Méiglechkeeten fir sech an de Bierger ze défouléiren, ënnert anerem d’Wanderen.
Et eegenen sech 3 massifs dofir: de Vercors, d'Chartreuse (Fotos si vum Dent de Crolles), an d'Belledonne.
Et därf een natiirlëch nët vergiessen dat een an de Bierger as...also ëmmer op wuarm Kleeder a fest Schung opassen...an natiirlëch soll een sëch nët iwerschetzen an et sollt een och viirdrun d'Météo kucken..( www.meteoconsult.fr z.B.)
Dat kann een dann och iwer e puer Deeg machen an an engem refuge, cabane, oder chalet iwernuechten. Dës “refuges” sin dann an der Summersaison a Wantersaison iwerwaard, an do get een och verwinnt mat Hallefpensioun (Präis: +/- 30 euro/Hellfpensioun).
An der Tëschesaison sin déi da net méi iwerwaard an froen eegen Initiative fir Verpflegung ze suergen, dat kann dann em sou spannend gin. Et gin dann och d’”cabanes” dei relativ primitiv sin a just e “poêle”, als Hëtzméiglechkeet hun.
Fir den Trip anstänneg iwer d’Bünn ze kreien, kann een sech op e puer Plazen informéiren:
- Maison de la Montagne: 3, rue Raoul Blanchard
38000 Grenoble
http://www.grenoble-montagne.com
- CAF (Club Alpin Français): http://clubalpingrenoble.free.fr/
- GUCEM/ESMUG (65 euro/Joer) : http://gucemesmug.free.fr/
- cartes IGN
Am Wanter geet de Spass dann lass entweder mat ski de randonnée, oder « randonnée à raquettes » fir déi méi sportlesch, an « aventurieux » an « amoureux de la montagne pure ».
(photos : ESMUG/GUCEM)
Do kann een sech och parcours’en entweder selwer raussichen, oder sech empfehlen loossen an der Maison de la Montagne. Et gin do och wochentlech Trip’en (2 mol/Woch) organiséiert, wann een sech engem Grupp uschléisse well.
(Manni fir de CELG)
Klammen, Cascade de Glace an Alpinismus
D’Bierger verleeden dann och den een oder aneren zum Klammen. Klammen kann een an der Haal, z.B. an der UFRAPS (Sports- Uni um Campus) an dem Hall Chartreuse, wann en an der ESMUG lizenseiert as (30euro/Joer fir Studenten).
- ESMUG: http://gucemesmug.free.fr/
- Espace Vertical : http://www.espacevertical.net/pages/indexpag.html
Natiirlech as de groussen Reiz fir an d’Fielsen klammen ze goen, oder “Cascade de Glace”, dat kann een entweder mat dem GUCEM, oder mat dem CAF, wou een dann och Material integral geleint kritt an dem een eng Adhésioun bezillt.
- CAF (Club Alpin Français): http://clubalpingrenoble.free.fr/
Wat as « Cascade de Glace » ?
« Cascade de Glace » as um Eis klammen mat 2 « piolets » an « crampons » un de Biergschong.
Wat as Alpinismus ?
« Alpinismus » as dann sou zimlech all dei beschriwen Saachen zesummen mat dem Ziel op den absoluten sommet vun engem Bierg ze kommen. Gudd encadreiert kennen dann och debutants dat mat de schon erwähnten Klibb machen.
(Manni fir de CELG)
Studentesport zu Grenoble
Fir sech zu Grenoble an irgendengem Sport ze engageiren, huet en als Student vill Méiglechkeeten an d’Angebot as enorm!
Et kann e souwuel Seegelen, wie Klammen, wei Wellwaassersportarten machen, mee och die mei klassesch Aktivitéiten stin am Angebot.
Et gin 2 Rendez-vous’en, déi een net sollt verpassen:
- Forum des Sports (Ufank vum Semester op der Sportsuni, UFRAPS)
Op desem Forum gin all Sportklibb presentéiert, déi exklusiv de Studenten reserveiert sin an dofir Studententarifer ubidden: http://www.guc.asso.fr/
GUC (Grenoble Universités Club)
- Forum des Associations
Dese Forum regroupéiert dann all d’Klibb, déi et an de jeweilege Gemengen gin: Grenoble, Echirolles, asw.
Wann een speziell Evenementer (Raid, MTB-, Laf-, Velo-, Orientierungscours’en, asw) sicht, dann muss een d’Aan ophalen an de „Petit Bulletin“ regelméisseg duerchbliederen.
(Manni fir de CELG) |
|